Mehrere Stellenanzeigen (m/f/n) Op der Schock a.s.b.l. et s.c.
Mehrere Stellenanzeigen (m/f/n) Op der Schock a.s.b.l. et s.c.
Op der Schock, asbl stellt an:
1 Sozialaarbechter (m/f/n), CDI 20St./Woch fir eise Service Beroden a Begleeden
Deng Missioun:
Du schaffs an engem Team mat Erzéier a Sozialpädagogen. D’Missioun vum Service ass et, Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung, déi alleng, an der Koppel oder Famill oder an enger WG liewen, ze begleeden an deene Beräicher, wou et gebraucht gëtt.
Als Sozialaarbechter iwwerhëls du haaptsächlech Begleedungen a folgende Beräicher:
-
administrativ Demarchen (z.B. Statut vum Salarié handicapé, Revenus, finanziell Bäihëllefen, Tutelle/Curatelle asw)
-
Gestioun vun de Finanzen
-
Wunnengssich
Qualifikatioun a Kompetenzen:
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Assistant social oder Educateur gradué
-
Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
-
Gutt Kenntnisser vum gesetzleche Kader an den administrative Prozedure betreffend Wunnengsmaart, finanziell Bäihëllefen, Akommes vu Mënsche mat Beanträchtegung, Tutelle-Curatelle asw
-
Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert, …)
-
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
-
Flexibilitéit an Teamfäegkeet
-
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
-
Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
-
Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen :
-
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
-
Führerschäin B
-
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Educateur diplômé (m/f/n), CDI 24St./Woch fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber
Deng Missioun:
-
Encadrement vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Service Activités de Jour
-
Ëmsëtze vun individuelle Fërderpläng déi et de Mënschen erméiglechen hir Fäegkeeten weiderzeentwéckelen an hir Autonomie fërderen
-
Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
-
Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
-
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
-
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
-
Flexibilitéit an Teamfähegkeet
-
Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen :
-
Schaffdeeg : Méindes, Dënsdes an Mëttwochs
-
Salaire a Conditioune vum CCT SAS
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
-
Führerschäin B
-
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
1 Educateur diplômé (m/f/n), CDI 30-40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
Missioun:
-
Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
-
Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
-
Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
-
Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
-
Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
-
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
-
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
-
Flexibilitéit an Teamfähegkeet
-
Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
-
Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen :
-
Salaire a Conditioune vum CCT SAS
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
-
Führerschäin B
-
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
1 Psycholog/Psychotherapeut (m/f/n), CDI 20 St./Woch fir eise Service Berodung a Suivi zu Réiden
Missioun:
-
Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Ënnerstëtzung ginn an schwieregen Situatiounen
-
Zesummenschaffen an engem multidisziplinären Team (Austausch, Concertatioun, Coordinatioun..)
Qualifikatioun a Kompetenzen:
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog/Psychotherapeut
-
Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Berufflech Erfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
-
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
-
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
-
Flexibilitéit an Teamfähegkeet
-
Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
-
Horaire : Nomëttes vun 14h-18h
-
CDI
-
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
-
Een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gëtt gefrot
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Een Aide socio-familial (m/f/n) fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg, CDI 20 St./Woch fir eis Fréi- an Spéitschichten ze ënnerstëtzen
Missioun:
-
Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen (Ënnerstëtzen vun den Fréi- an Spéitschichten während den Zäiten, wou vill Aufgaben an der Betreiung vum Bewunner ustinn)
-
Ënnerstëtzen an Begleden vum Bewunner bei der Pfleg
-
Ënnerstëtzen an Begleden bei der Firberedung vum Iessen an beim Anhuelen vun de Moolzechten
-
Prettmaachen fir op d’Aarbecht an Begledung vum Bewunner op de Bus
-
Dokumentatioun um PC maachen
-
Wäsch amaachen, divers Haushaltsaufgaben iwwerhuelen
Qualifikatioun a Kompetenzen:
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide- socio-familial(e)
-
Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
-
Flexibilitéit an Teamfähegkeet
-
Basis PC-Kenntnisser
Konditiounen:
-
Salaire a Conditioune vum CCT SAS
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
-
Führerschäin B
-
Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
1 Chef de Service fir eise Service Activités de Jour zu Kéiber (m/f/n), CDI 30-40St./Woch
Deng Missioun:
-
Mam Coordinateur zesummen d’Leedung vum Service ze assuréieren a fir ee gudde Fonctionnement suergen am Aklang mat de Wäerter an der Philosophie vun der Schock
-
An dëser Zesummenarbecht läit de Schwéierpunkt vun der Arbecht vum Chef de service op der Matarbechterféierung:
o Leedung vun Teamversammlungen,
o Mataarbechtergespréicher,
o Erstellung a Suivi vun de Schaffpläng,
o Gestioun vum Congé vun de Mataarbechter …
o Asw
-
Zesummenarbecht mam Coordinateur a folgende Beräicher:
o Organisatioun vum Alldag
o D’Matarbechter ënnerstëtzen an der pädagogescher Arbecht mat eise Bénéficiairen
o Austausch mat den Elteren
o Zesummenarbecht an Austausch mat aanere Service vun der Schock (Direktioun an Administratioun, Coordinateuren a Chefs de service vun der Wunnstruktur, de begleedende Servicer an den Arbechtsstrukturen
o asw
-
Encadrement vun engem Grupp vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Service Activités de Jour:
o Ëmsëtze vun individuelle Fërderpläng déi et de Mënschen erméiglechen hir Fäegkeeten weiderzeentwéckelen an hir Autonomie fërderen
o Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
Qualifikatioun a Kompetenzen déi’s du als Chef de Service matbrenge solls:
-
Ee Leadership, wat geprägt ass duerch eng gewaltfräi Haltung, eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht , Kloerheet an Zielgeriichtheet
-
Fähegkeet eng Diskussioun konstruktiv an zielorientéiert ze leeden
-
Fähegkeet Freed a Motivatioun, den Equipegeescht ze fërderen
-
Ee wohlwollenden a wäertschätzenden Humor
-
Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
-
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
-
Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
-
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
-
Flexibilitéit an Teamfäegkeet
-
Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Gutt PC-Kenntnisser
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Heilpädagog oder Ergotherapeut, oder
-
Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéiher an Berufserfahrung an der Leedung
-
Beruffserfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung si vu Virdeel
Wat mir dir bidden ?
-
Zesummeschaffen an engem dynameschen a a motivéierten Team
-
Vernetzung mat aanere Servicer
-
Regelméisseg Formatiounen
-
Aschaffen vun der aktueller Cheffe de service, déi uschléissend aaner Fonctiounen op der Schock iwwerhëllt
-
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
Konditiounen :
-
Führerschäin B
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch. Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
-
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
1 kreativen Educateur oder Keramiker (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden
Missioun:
-
Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Keramikatelier Cache-pot’en, Dekoartikelen, Schosselen asw. hierstellen
-
Encadrement vum Grupp:
o Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
o Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Behënnerung anm Beräich Keramik an Dekoartikel
o Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
-
Accueil an Berodung vu Klient’en
-
Qualifikatioun a Kompetenzen:
-
Educateurdiplom, erwënscht sinn hei: Notiounen an der Verarbeschtung vu Lehm, Loscht sech an den Keramikberaich ranzeschaffen, Erfahrung mat Mënschen mat intellektueller Behënnerung gëtt als Virdeel ugesinn
-
ODER Keramiker mat excellenten Kentnisser an der Verarbeschtung vu Lehm an Loscht sech an d’Aarbescht mat Mënschen mat intellektueller Behënnerung eranzeschaffen
-
Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
-
Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
-
Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
-
Flexibilitéit an Teamfähegkeet
-
Kreativitéit
Konditiounen:
-
Salaire a Conditioune vum CCT SAS
-
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
-
Führerschäin B
-
Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren
Tel: 00352 26 62 18 81
E-Mail un: recrutement@ods.lu