Fondation Autisme sicht :
Redakter/Chargé de communication (m/f/x)
Veröffentlicht am 11/03/2025
Arbeitszeit
Vertragsart
Sprachen
Bildungsniveau
D’Fondation Autisme Luxembourg engagéiert ee
Redakter/Chargé de communication (m/f/x)
am CDI, 40 Stonnen pro Woch.
fir hir Ekipp « Communication et Relations Publiques » zu Capellen ze verstäerken.
Referenz 2025.03.05 – 2-13-02
Är Aufgaben :
- Artikelen iwwer Aktualitéitssujeten am Zesummenhang mat Autismus schreiwen
- Pressecommuniquéë schreiwen
- Koordinatioun vun engem Périodique
- Redaktionnell Aarbechte fir all d’Informatiounssupporte vun deene verschiddene Servicer vun der FAL (Brochuren, Flyeren, Bréiwer, …)
- Gestioun vun der Internetsäit an vun der Online Präsenz vun der FAL
- Projeten an Events vun der FAL mat plangen a gestalten
Äre Profil :
- Diplom am Kommunikatiounsberäich
- Erfarung am Beräich Journalismus ass vu Virdeel
- Maîtrise vun den 3 Landessproochen (Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch) a vum Engleschen
- Organisatiounssënn, Flexibilitéit, Verantwortungsbewosstsinn, Grëndlechkeet, Dynamismus
- Kenntnisser an Indesign, Photoshop an Illustrator
- Ekippegeescht a Kooperatiounsfäegkeet
- Interessi um soziale Secteur an u senge Valeuren
All Kandidaturen, déi dësem Profil entspriechen, kréien eng Äntwert.
Well de Matarbeschter (m/f/x) op deene verschiddene Site schaffe wäert, biede mer Iech w.e.g. nëmmen ze postuléieren wann Dir mobil sidd.
Mir bidden :
- Eng valorisant, autonom a verantwortungsvoll Aarbecht an engem sech ëmmer weiderentwéckelnde Kontext
- Eng agreabel Aarbechtsambiance an enger jonker, dynamescher Equipe
- Eng zolidd Erfarung an enger gutt implantéierter Institutioun am Beräich vum Handicap, op nationalem an och internationalem Niveau (Member vun Autisme-Europe asbl, Don en Confiance asbl, Info-Handicap, …)
Mir akzeptéieren och Stagiairen a Bénévolen.
Déi folgend Dokumenter sinn noutwendeg fir dass ären Dossier als komplett considéréiert gëtt :
- Curriculum vitae
- Lettre de motivation
- Diplom (an eventuell reconnaissance d’équivalence vum Diplom)
- Casier judiciaire (LUX : N°3 et 5 / BE : n° 595 et 596.2 / FR : n°3 / DE : Führungszeugnis)
Mir bieden Iech direkt op eisem Internetsite: www.fal.lu, der Rubrik “Employeur”, ze postuléieren».