Skip to main content

NEIEN COACH BEI YOUTH & WORK

Mir freeën eis, eise neie Coach, d'Vicky Wagner bei Youth & Work begréissen ze kënnen. Vun elo un, begleet si di Jugendlech aus der Déifferdenger Gemeng.
 
Als diploméiert Infirmière, hat d’Vicky Wagner Geleeënheet fir vill Erfarungen am medezineschen an am soziale Secteur ze sammelen.
Duerch d’Aarbecht am Spidol, dem Fraenhaus, dem Service d’Assistance aux Victimes de la Violence Domestique an als Responsabel vum Service Krank Kanner Doheem, huet si geléiert, Mënschen a schwierege Situatiounen ze motivéieren a si bei der Ëmsetzung vun hiren Zieler ze ënnerstëtzen.
 
„Bei Youth &Work wëll ech de Jugendlechen hier Suergen an Ängschten eescht huelen, mat hinnen op hier Chancen a Méiglechkeete kucken, fir datt si hiert Potential entfale kënnen an domat eng positiv Verännerung schafen.
 
No dem Motto ‚Stärken entdecken, Ressourcen notzen, Zieler areechen‘,“ erkläert d’Vicky Wagner.

 


Share