UNICEF- Een administrative Mataarbechter (m/w/d)
UNICEF
Een administrative Mataarbechter (m/w/d)
fir 40 Stonnen d’Woch (CDI) - ab dem 1. September 2022
ÄR MISSIOUN
Als Mataarbechter vun eiser Ekipp, ënnerstëtzt Dir virun allem d’Beräicher Fundraising, Verkaf a Kontabilitéit, an hutt folgend Aufgaben:
- Encodéiere vun Donen, Virbereedung a Verschécken vu Remerciementen un eis Donateuren
- Facturatioun a Preparatioun vu Commanden
- Clienten am Buttek zerwéieren
- Gestioun vun Telefonsappellen
- Verbesserung vun Adressen an eiser Datebank
- Hëllefen bei der Organisatioun vun Evenementer
- Hëllefen mat der Gestioun vun eise Benevollen
- Ofhängeg vun der Situatioun an och vun den Talenter vum neie Mataarbechter kënnen aner Aufgaben dobäi kommen
ÄR KOMPETENZEN
- Dir gitt eens mam PC an hutt Erfarunge mat der Gestioun vun Datebanken
- Dir schwätzt a schreift Lëtzebuergesch (obligatoresch), Franséisch an Däitsch. Gutt Engleschkenntnisser sinn ee Virdeel
- Dir sidd virwëtzeg an op Zack
- Dir kënnt selbstänneg schaffen a Responsabilitéiten iwwerhuelen a fannt awer och Är Plaz an enger Equipe
- Dir sidd flexibel a polyvalent
- Dir sidd prezis, gutt organiséiert a stressresistent
ÄR AUSBILDUNG A BERUFFSERFARUNG
- Dir hutt e Lycéesofschloss+2
- Dir hutt mindestens 4 Joer Erfarung an enger änlecher Funktioun
MIR BIDDEN
- Eng villsäiteg, inspiréierend a verantwortungsvoll Aufgab bei enger professioneller an internationaler Organisatioun
- D’Méiglechkeet Iech anzebréngen a weider z’entwéckelen
- D’Schaffen an enger dynamescher Ekipp an engem innovativen Ëmfeld
Application Procedure:
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif an Diplomer) w.e.g. bis de 15. Juli 2022 un UNICEF Lëtzebuerg, 6, rue Adolphe Fischer, L-1520 Luxembourg oder iwwert unicef.lu/jobs.