Op der Schock a.s.b.l 1 Psycholog / 1 Educateur diplômé / 1 Coordinateur / 1 Chef de groupe / 1 Infirmier / 1 kreativen Educateur oder Keramiker (m/f/n)
Op der Schock a.s.b.l et s.c. stellt an:
1 Infirmier (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
- De medezinesche Suivi vun den Bewunner assuréieren
- Medikamenter stellen
- Begleedung op Dokter-Rendezvous’en iwwerhuelen
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Infirmier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger intellektueller Behënnerung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends an owes ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C5
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Führerschäin B
Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
1 Psycholog (m/f/n), CDI 20 St./Woch fir eise Service Berodung a Suivi zu Réiden
Missioun:
- Psychologesch Begleedung vu Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Ënnerstëtzung ginn an schwieregen Situatiounen
- Zesummenschaffen an engem multidisziplinären Team (Austausch, Concertatioun, Coordinatioun..)
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Psycholog
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfarung mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
Horaire : Nomëttes vun 14h-18h
CDI
Salaire a Konditioune vum CCT SAS
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gëtt gefrot
1 Educateur diplômé (m/f/n), CDI 30-40 St./Woch fir eis Wunnstruktur zu Mäerzeg
Missioun:
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnësser an de Ressource vun dëse Leit eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen e „Projet de vie“ ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéiren a bei Bedarf nei formuléieren
- Mam Bewunner zesummen een Doheem schafen, wat dem Normalitéits- an Inklusiounsprinzip entsprécht
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Berufflech Erfahrung mat Mënsche mat enger enger intellektueller Beanträchtegung ass vu Virdeel
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
1 Coordinateur fir eis Wunnstruktur (m/f/n), CDI 40 St./Woch
Missioun:
- Zesummen mam Chef de groupe d’Leedung vum Wunngrupp assuréieren a fir e gudde Fonctionnement suergen
- Zesummenaarbecht mam Chef de groupe an organisatoreschen an administrativen Aarbechten
- Ausschaffe vun de pädgogesche Betreiungspläng an enger pluridisciplinairer Equipe
- Ënnerstëtzung a Begleedung vun den Encadranten aus der Wunnstruktur an der Ëmsetzung vun de pädagogesche Betreiungspläng
- Punktuell d‘Upassung vu Schaffpläng iwwerhuelen
- De Chef de groupe ersetzen, wann deen am Congé ass
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtgung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnisser an den Ressourcen vun dëse Leit, eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
- Mat der betreiter Persoun zesummen ee Projet de vie ausschaffen, dësen no enger Zäit kompetent evaluéieren an bei Bedarf nei formuléieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé
- Minimum 5 Joer Beruffserfarung mat Mënsche mat enger geeschteger Beanträchtegung
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, wohlwollend a léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
- Freed a Motivatioun, den Equipegeescht ze fërderen
- Excellent Kommunikatounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C4
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
1 Chef de groupe fir eis Wunnstruktur (m/f/n), CDI 35-40 St./Woch
Missioun:
- Leedung vum Team vun der Wunnstruktur (Leedung vun Teamversammlungen, Mataarbechtergespréicher,…)
- Erstellung a Suivi vun de Schaffpläng, Gestioun vum Congé vun de Mataarbechter
- Suivi vum gruppeninterne Budget
- Zesummen mam Coordinateur d’Leedung vum Wunngrupp assuréieren an fir e gudde Fonctionnement suergen
- Zesummenaarbecht mam Coordinateur an organisatoreschen an administrativen Aarbechten
- De Coordinateur ersetzen, wann deen am Congé ass
- Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtgung am Alldag an hirem Doheem begleeden an ënnerstëtzen
- Op Basis vun de Bedierfnisser an de Ressourcë vun dëse Leit, eng zilorientéiert Begleedung an Dokumentatioun duerchféieren
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Educateur diplômé
- Minimum 10 Joer Beruffserfarung mat Mënsche mat enger geeschteger Beanträchtegung
- Freed an Engagement an der Aarbecht mat Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Eng respektvoll, wohlwollend an léisungsorientéiert Haltung an der Aarbecht
- Freed a Motivatioun, den Equipegeescht ze fërderen
- Excellent Kommunikatiounskompetenzen (net wäertend, faktebaséiert,…)
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Gutt Kompetenzen an der Verschrëftlechung
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen, gutt Zäitgestioun
- Flexibilitéit an Teamfäegkeet
- Bereetschaft, och weekends, owes an nuets ze schaffen
- Gutt PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS, C4
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
1 kreativen Educateur oder Keramiker (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Keramikatelier zu Réiden
Missioun:
- Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung am Keramikatelier Cache-pot’en, Dekoartikelen, Schosselen asw. hierstellen
- Encadrement vum Grupp:
- Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
- Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Behënnerung anm Beräich Keramik an Dekoartikel
- Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
- Accueil an Berodung vu Klient’en
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Educateurdiplom, erwënscht sinn hei: Notiounen an der Verarbeschtung vu Lehm, Loscht sech an den Keramikberaich ranzeschaffen, Erfahrung mat Mënschen mat intellektueller Behënnerung gëtt als Virdeel ugesinn
- ODER Keramiker mat excellenten Kentnisser an der Verarbeschtung vu Lehm an Loscht sech an d’Aarbescht mat Mënschen mat intellektueller Behënnerung eranzeschaffen
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Flexibilitéit an Teamfähegkeet
- Kreativitéit
Konditiounen:
- Salaire a Conditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B
- Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
Tel: 00352 26 62 93 - 1
E-mail: recrutement@ods.lu