Duerch d'Krise si vill Leit op der Sich no Aarbecht. Dowéinst invitéiert RTL Iech op den Jobdag.
Vu Moies 8 Auer u presentéieren Patronen hier fräi Aarbechts- a Léierplazen hei um Radio an Dir kritt wéi gewinnt méi Informatiounen um Telefon 1381.
14 Patronen live um Radio an nach vill aaner Job Offeren op jobs.rtl.lu.
Dir sicht och nei Mataarbechter fir äre Betrib? Da Registréiert är fräi Plazen elo op jobdag.lu.
Den RTL Jobdag, en Donneschdeg 24. September op RTL. Zesumme mat der ADEM.