UNICEF- Een administrative Mataarbechter (m/w/d)
UNICEF

Google Plus
LinkedIn
Pinterest

Een administrative Mataarbechter (m/w/d)
 
fir 40 Stonnen d’Woch (CDI) - ab dem 1. September 2022

ÄR MISSIOUN

Als Mataarbechter vun eiser Ekipp, ënnerstëtzt Dir virun allem d’Beräicher Fundraising, Verkaf a Kontabilitéit, an hutt folgend Aufgaben:

  • Encodéiere vun Donen, Virbereedung a Verschécken vu Remerciementen un eis Donateuren
  • Facturatioun a Preparatioun vu Commanden
  • Clienten am Buttek zerwéieren
  • Gestioun vun Telefonsappellen
  • Verbesserung vun Adressen an eiser Datebank
  • Hëllefen bei der Organisatioun vun Evenementer
  • Hëllefen mat der Gestioun vun eise Benevollen
  • Ofhängeg vun der Situatioun an och vun den Talenter vum neie Mataarbechter kënnen aner Aufgaben dobäi kommen

ÄR KOMPETENZEN

  • Dir gitt eens mam PC an hutt Erfarunge mat der Gestioun vun Datebanken
  • Dir schwätzt a schreift Lëtzebuergesch (obligatoresch), Franséisch an Däitsch. Gutt Engleschkenntnisser sinn ee Virdeel
  • Dir sidd virwëtzeg an op Zack
  • Dir kënnt selbstänneg schaffen a Responsabilitéiten iwwerhuelen a fannt awer och Är Plaz an enger Equipe
  • Dir sidd flexibel a polyvalent
  • Dir sidd prezis, gutt organiséiert a stressresistent

ÄR AUSBILDUNG A BERUFFSERFARUNG

  • Dir hutt e Lycéesofschloss+2
  • Dir hutt mindestens 4 Joer Erfarung an enger änlecher Funktioun

MIR BIDDEN

  • Eng villsäiteg, inspiréierend a verantwortungsvoll Aufgab bei enger professioneller an internationaler Organisatioun
  • D’Méiglechkeet Iech anzebréngen a weider z’entwéckelen
  • D’Schaffen an enger dynamescher Ekipp an engem innovativen Ëmfeld
Application Procedure:

Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Kandidatur (CV, Motivatiounsbréif an Diplomer) w.e.g. bis de 15. Juli 2022 un UNICEF Lëtzebuerg, 6, rue Adolphe Fischer, L-1520 Luxembourg oder iwwert unicef.lu/jobs.

 

 

Leave a comment

You are commenting as guest.

Telefon

+352 26 62 11 41

Mail

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Adresse

11 Grand Rue
L-8510 Redange

© 2022 Youth and Work

Design by Molotov Design