HAUS 89: ee/eng Sekretär/in
ee/eng Sekretär/in

Google Plus
LinkedIn
Pinterest

Liewens-Partner-Famillje Berodung A.s.b.l.

sicht fir säi psychologesche Berodungszenter 

Haus 89

 

ee/eng Sekretär/in

20 Stonnen d’Woch op begrenzten Zäit (6 Méint)

 

Verantwortlech fir den Accueil, fir d'Ausféiere vun administrativen Aufgaben an eventuell vun Aufgaben am Beräich vun der Comptabilitéit

 

Dir besëtzt d'Fäegkeet op Leit anzegoen, Iech an eng Ekipp ze integréieren a kënnt autonom schaffen.

Dir hutt e sécheren Ëmgang mam Computer, kennt Iech aus mat Applicatioune wéi Word, Excel, Access, Outlook an idealerweis Sage Bob 50. Kenntnisser am Beräich vun der Comptabilitéit si vu Virdeel.

Zousätzlech beherrscht Dir Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch. D'Beherrsche vun Englesch, Portugisesch oder vun all aner Friemsprooch ass vu Virdeel

 

 


 

Application Procedure:

Dir sidd interesséiert an hutt en Diplôme de fin d‘études secondaires oder en Diplôme d’aptitude professionelle, da schéckt eis Är Kandidatur mat Liewenslaf an deenen derzougehéieregen Dokumenter bis spéitstens de 15 Abrëll 2022 un:

Haus 89

c/o Carmen Soisson

Chargée de direction

89, rue d’Anvers

L-1130 Luxembourg

Well Dir deeglech mat vertraulechen Daten ze dinn hutt, verlaange mir am Fall vun enger Astellung en Extrait aus dem Casier judiciaire (Bulletin N°3).

 

Leave a comment

You are commenting as guest.

Phone

+352 26 62 11 41

Mail

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Adresse

11 Grand Rue
L-8510 Redange

© 2022 Youth and Work

Design by Molotov Design