Een Landschaftsgärtner (m/f/n) (pépiniériste/paysagiste) / E Comptable (m/f/n) Op der Schock a.s.b.l et s.c. stellt an:
Een Landschaftsgärtner (m/f/n) (pépiniériste/paysagiste) / E Comptable (m/f/n) Op der Schock a.s.b.l et s.c. stellt an:
Op der Schock a.s.b.l et s.c. stellt an:
Een Landschaftsgärtner (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Atelier protégé zu Réiden
Missioun:
- Zesumme mat engem Grupp vu Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung Aarbechten am Beräich vun der Landschaftsgäertnerei duerchféieren, Encadrement vum Grupp:
o Ënnerstëtzung bei der Ausféierung vun den Arbechten,
o Dépistage a Förderung vun de Fähegkeeten an Interessen vun Mënschen mat intellektueller Beanträchtegung
o Förderung vun der alldeeglecher Selbständegkeet an de Sozialkompetenzen
- Kontakt mat Klient’en, virbereeden vun Devis’en an Rechnungen
- Organisatioun vun den Aarbechten
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Landschaftsgärtner (DAP oder equivalent), Meeschterprüfung a Berufserfahrung si vu Virdeel
- Fundéiert Planzekentnisser; Kentnisser am Uléen an Ënerhalt vun naturnoe Gäert
- Gudd kierperlech Fitness
- Freed an Engagement an der Zesummenaarbecht mat Mënschen mat enger intellektueller Beanträchtegung
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen,
- Loscht an engem Team ze schaffen
- Humor a Léisungsorientéiert Schaffen
- PC-Kenntnisser
Konditiounen:
- CDI
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Führerschäin B an BE
- Well dir mat Mënsche mat enger Beanträchtegung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
E Comptable (m/f/n), CDI 40 St./Woch fir eisen Service Comptabilité et Facturation zu Réiden
Missioun:
- Verbuche vu Clients- a Fournisseursrechnungen (analytesch Comptabilitéit)
- Opstelle vu Bilanen, TVA- a Steierdeklaratiounen
- Preparatioun vun Decompten a Budgeten
- Finanzielle Suivi vun deene verschiddene Servicer
- Begleede vun neien interne Projeten
Qualifikatioun a Kompetenzen:
- Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom an der Comptabilitéit an/oder Gestioun (min. Bac+2)
- Beruffserfarung vun op d‘mannst 5 Joer am Beräich vun der Comptabilitéit
- Kenntnisser am Logiciel BOB ginn als Virdeel ugesinn
- Kapabel, autonom ze schaffen a Responsabilitéit ze iwwerhuelen
- Kapabel, an engem Team ze schaffen
- Strukturéiert a koordinéiert Schaffen
- Analytescht a kritescht Denken
- Verantwortungsbewosstsäin a Verlässlechkeet
- Gutt PC-Kenntnisser (Excel, Word, ..)
Konditiounen:
- CDI
- Salaire a Konditioune vum CCT SAS
- Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
- Een Extrait (3,4 a 5) aus dem Casier judiciaire gëtt gefrot
Fir all Posten:
Salaire a Conditioune vum CCT SAS
Sproochen: Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch
Führerschäin B
Well dir mat Mënsche mat enger Behënnerung schafft, gëtt och een Extrait (3,4 an 5) aus dem Casier judiciaire gefrot
Lëtzebuergesch schwätzen ass eis wichteg, fir dass déi betreite Persounen hir Betreier verstinn.
Wann Dir interesséiert sidd, schéckt Är Demande (Liewenslaf, Motivatiounsbréif, Foto, Kopie vum néidegen Diplom a senger Unerkennung zu Lëtzebuerg) un:
Op der Schock
Ressources humaines
B.P.10
L-8501 Redange
Oder per E-Mail un: recrutement@ods.lu
Eng éischt Selektioun gëtt opgrond vun den Dossiere gemaach
Fir weider Informatiounen, kënnt dir eis gäre kontaktéieren.
Tel: 00352 26 62 93 - 1
E-mail: recrutement@ods.lu