Autisme: Mehrere Stellenanzeigen (m/w)
Mehrere Stellenanzeigen (m/w)

Google Plus
LinkedIn
Pinterest

Autisme Luxembourg asbl sicht:


Fir den Service de Formation Professionnelle zu Biekerech an Useldeng:

en diploméierten Erzéier (m/w), 40 Stonnen/Woch, CDI,
en diploméierten Erzéier (m/w), 40 Stonnen/Woch,

CDD fir eng Mataarbechterin an enger Dispens, engem Congé de maternité
an engem Congé parental ze ersetzen

Fir den Service d‘Intervention Ambulatoire S.I.A. (Fräizäit- an Nobetreiung):

en diploméierten Erzéier (m/w), 25 Stonne/Woch, CDI,


Fir den Service d’Hébergement zu Hollerech:

en éducateur gradué (m/w), 30 Stonne/Woch,
CDD fir eng Mataarbechterin an enger Dispens, engem Congé de maternité an engem Congé parental ze ersetzen


Fir den Service Soins-Santé zu Biekerech:

en Ergotherapeute (m/w), 20, 30 oder 40 Stonne/Woch, CDI,


Fir den Service de consultation zu Biekerech:

en Pedagog (m/w), 20 oder 40 Stonne/Woch, CDI,

 

Mir bidden Iech:

• E Gehalt konform zum lëtzebuergeschem Kollektivvertrag fir de Gesondheets- an Sozialsecteur SAS.
• Eng Aarbecht an engem multidisziplinären Team, wou jiddwereen seng Fachkompetenz matbréngt, fir Leit mat Autismus beschtméiglech ze fërderen an ze begleeden.
• Eng Astellung bei enger Asbl, déi vun hire Mataarbechter eng qualitativ héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung erwaart.
• Deel ze si vun enger dynamescher Asbl, der et wichteg ass, sech ëmmer weiderzëentwéckelen, fir esou Mënsche mat Autismus, mee awer och den eegene Mataarbechter ëmmer néi Méiglechkeeten opzemaachen.

Interesséiert? Da wär déi éischt Viraussetzung schonn erfëllt!

• Dir hutt déi néideg fachlech Kompetenzen?
• Iech ass eng héichwäerteg Aarbecht, e respektvollt Mateneen an eng positiv Liewensastellung wichteg?
• Dir sidd weltoppen a verantwortungsbewosst?
• Dir wierkt gäre positiv op är Matmënschen an
• Dir kënnt Iech méiglechst op lëtzebuergesch, däitsch a franséisch verstännegen?

Application Procedure:

Dir hutt bei alle Froe mat Jo geäntwert? Da steet Ärer Kandidatur näischt méi am Wee!

Mir freeën eis, är Kandidatur bis zum 20. Abrëll 2021 u folgend Adress ze kréien :

„Autisme Luxembourg asbl, 1 Jos Seyler Strooss, L-8522 Biekerech“.

Leave a comment

You are commenting as guest.

Phone

+352 26 62 11 41

Mail

Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!

Adresse

11 Grand Rue
L-8510 Redange

© 2019 Youth and Work
Design by Molotov Design